Letz Car Wash

  • Home
  • Letz Car Wash

Letz Car Wash Car Wash & Detailling Service at home ! 2 Studenten mam Draam vun der Selbststännegkeet.

Gudde Moie léif LCW Community. Mir hunn en Update bezüglech eisem Buchungssystem.Duerch Iwwerlaaschtung vu Buchungen a g...
28/08/2024

Gudde Moie léif LCW Community.

Mir hunn en Update bezüglech eisem Buchungssystem.

Duerch Iwwerlaaschtung vu Buchungen a gréisseren Aarbechten an eiser Digitaler Agence Deev si mir leider gezwongen de System ewech ze huelen a per Message ze fueren.💬

Wann dir also un engem LCW Service interesséiert sidd, zéckt net eis ze schreiwen a mir kommen sou schnell et geet erëm op Iech duer.

Merci fir äert Verständnis an dass dir eis op eiser Rees weiderhi begleet🍀

LG,
Team LCW

-LU-Mir vu Lëtz Car Wash kennen de Problem, datt Autoen net direkt verkaf ginn. Dofir wëlle mir Iech eng Léisung virschl...
02/08/2024

-LU-
Mir vu Lëtz Car Wash kennen de Problem, datt Autoen net direkt verkaf ginn. Dofir wëlle mir Iech eng Léisung virschloen : LCW Car Trade!

Zur Info mir kafen aktuell keen Auto of. Mir wëlle just d’Verkafsprozedur vun Ärem Auto beschleunegen a vereinfachen. Alles baséiert op Dépôt-Vente.

An eiser nei gestalte Rubrik sinn déi follgend Déngschtleeschtungen abegraff :

•⁠ ⁠LCW Majestic Car Wash fir d’Auto, dat ze verkafe steet
•⁠ ⁠Professionell Fotoen
•⁠ ⁠Inseratioun vum Objet op sämtleche Plattformen, souwéi d’Kommunikatioun mat den Interessenten

Är Virdeeler?
Dir braucht Iech ëm näischt méi ze këmmeren, Ären Auto gëtt am Idealfall iwwer déi gewënschte Somme verkaf, an Dir kritt bei Verkaf d’LCW Majestic Wäsch integral réckerstatt, respektiv gëtt se vun der Kommissioun, déi mir fir d’Servicer huelen, ofgerechent.

-EN-

At Lëtz Car Wash, we know the problem of cars not being sold directly. We would therefore like to offer you a solution : LCW Car Trade !

First of all, we don’t buy cars from anyone, we just want to speed up and simplify the process of selling your car. All on a sale by customer order basis.

The following services are included in our new section:

•⁠ ⁠LCW Majestic Car Wash for the car for sale
•⁠ ⁠Professional photos
•⁠ ⁠Advertising of the object on all platforms, as well as the communication with the interested parties

Your advantages ?
You don’t have to worry about anything, your car will ideally be sold for more than your desired amount and you will be fully reimbursed for the LCW Majestic wash upon sale, or it will be deducted from the commission we take for the services.

08/07/2024

Gudden Mëtteg léif LCW Community

Anscheinend ass et eng Komplikatioun ginn fir den Giveaway hei op Facebook opzeléisen, mer hunn daat natierlech awer standesgemäß gema an den Gewënner ass kontaktéiert. Op Instagram huet daat reiwungslos geklappt, vun dohier followed eis och gäeren do fir och futur Gewënspiller net méi ze verpassen :) https://www.instagram.com/letzcarwash/

Fir all déi wou iwwert Facebook matgema hunn waart natierlech och den Code op Ierch, mee mer kannen net den 1. Message schécken. Fir dei wou also hieren Participatiouns Code wëllen, einfach ee Message schreiwen an mer schécken en Ierch.

Merci an bis geschwënn,
Team LCW

🚨NEWSFLASH 🚨Mir hunn eppes un ze kënnegen, an zwar eis nei Innovatioun LCW Car Trade 😍Wei funktionéiert dat ganzt a wat ...
07/07/2024

🚨NEWSFLASH 🚨

Mir hunn eppes un ze kënnegen, an zwar eis nei Innovatioun LCW Car Trade 😍

Wei funktionéiert dat ganzt a wat ass dat iwwerhaapt ?

Mer bidden Iech gären eng zousätzlech Plattform fir ären Auto ze verkafen an esou mei Reechwäit bidden ze kënnen. Mir gestalten also eng kleng optesch attraktiv Grafik mat ärem Auto a posten se op eise Social Media Accounts.

D’Virdeeler?

Wann dier Iech entscheede den Auto bei eis ze posten, da bidde mir Iech e Rabatt vun 20% op eisem Deluxe Programm un, dee mir fir esou eng Aktioun empfeelen.

Zousätzlech maache mir héich opléisend Fotoen déi dir och kënnt op anere Plattformen notze wou der den Auto drop setzt (Luxauto, Marketplace, Mobile.de, etc.)

Zur Info : Dës Info Grafike vum Auto wäerten op Franséisch an Englesch gemaach gi fir de maximale Radius ze erreechen.

Schéckt eis gären eng PM fir mei Infoen oder fëllt eise Formulaire iwwert https://www.letzcarwash.lu/contact mam Objet “LCW Car Trade” aus!

Merci a bis geschwënn✌️🚗

29/06/2024
🚗 Monday Washday bei Lëtz Car Wash! 🚗Mir si frou, eng nei Traditioun bei LCW unzekënnegen: Monday Washday! All Méindeg a...
17/06/2024

🚗 Monday Washday bei Lëtz Car Wash! 🚗

Mir si frou, eng nei Traditioun bei LCW unzekënnegen: Monday Washday! All Méindeg aktualiséiere mir eisen Auto-Wäsch-Zieler vum Joer, live op eiser Websäit.

Kuckt Iech eis nei Live Car Cleaner Funktioun op www.letzcarwash.lu un, fir eis Fortschrëtter ze verfollegen an ze gesinn, wéi mir wuessen.

Bleift drun a feiert mat eis de Monday Washday. Loosst eis Är Méindeger méi hell an Är Autoe méi propper maachen!

Léiw Community, et gett sech nach en aneren als Letz Car Wash aus keng donnés do ausfellen mir kommen privat op iech zou...
14/06/2024

Léiw Community, et gett sech nach en aneren als Letz Car Wash aus keng donnés do ausfellen mir kommen privat op iech zou mam Gewënspill. Dass een Fake account am emmlaaf⚠️⛔️

⛔️⚠️Opgepasst! Fake norichten ennerwee mir schekken keng extern links! w.e.g net do registreieren⛔️⚠️
14/06/2024

⛔️⚠️Opgepasst! Fake norichten ennerwee mir schekken keng extern links! w.e.g net do registreieren⛔️⚠️

Gudde Moien léif LCW Community,Mir wollten iech villmools Merci soen, dass dir eis bis elo sou gutt ënnerstëtzt hutt. Da...
11/06/2024

Gudde Moien léif LCW Community,

Mir wollten iech villmools Merci soen, dass dir eis bis elo sou gutt ënnerstëtzt hutt. Dat bedeit eis immens vill an ass net selbstverständlech!

Dofir wollte mir eng kleng Aktioun starten, einfach fir iech als Community och kënnen eppes zeréck ze ginn :
Mir verlousen eng Deluxe Wäsch am Wäert vun 200€ fir ären Auto !

Awer keng Angscht, bei Lëtz Car Wash geet kee mat eidelen Hänn eraus ! Ee Coupon am Wäert vun 20€ waart op all Participant vun dësem Gewënnspill deen dir dann direkt op eisem Site aléise kënnt.

Mee wei kann ech mat maachen ? Dat ass ganz einfach :

•⁠ ⁠Like dëse Post
•⁠ ⁠Markéiert 2 vun äere Frënn an de Kommentaren
•⁠ ⁠Maacht eng Story a verlinkt eis dran! 📲

Mei ass et net !

Merci fir d'Matmaachen a vill Gléck gewënscht.

Äerd LCW Team

Address


Alerts

Be the first to know and let us send you an email when Letz Car Wash posts news and promotions. Your email address will not be used for any other purpose, and you can unsubscribe at any time.

  • Want your business to be the top-listed Autos & Automotive Service?

Share