16/10/2026
Handy um Steier: A Frankräich gëtt engem elo de Führerschäin direkt ofgeholl. 📵
Eng SMS liesen oder en Uruff beim Fueren entgéinthuele kann Iech de Führerschäi fir eng Dauer vu 15 Deeg bis zu 6 Méint kaschten – zousätzlech zu enger Geldstrof a Punkteverloscht. Och Grenzgänger si concernéiert.
Sinn d'Strofen zu Lëtzebuerg streng genuch, fir den Handy um Steier ze verhënneren?
Am Gespréich mat Le Quotidien erënnert de Frank Maas, eise Responsabele fir d’Fërderung vun der Mobilitéit, un eng einfach Zuel: Bei 130 km/h leet een an 3 Sekonnen Onopmierksamkeet méi wéi 100 Meter zeréck, ouni op d'Strooss ze kucken.
Seng Analys liest Dir am kompletten Artikel: https://buff.ly/YbzbFTN